Benotzernumm:    Passwuert:   

Treuil

Den Cumulux Paragliding Club huet 2009 eng Ennersectioun an der Gemeng Biekerech gegrënnt fir sengen Memberen kennen Treuilflich hei zu Lëtzebuerg ze erméiglechen. Den Cumulux Treuil Club huet vun der Saison 2010 un eng Doppelseelwann am Asaz.
Weider Informatiounen kommen geschwenn no ...

Den Treuilpresident Rob am Asaz iwwer der Gemeng Biekerech!

Reglement:

• Piloteschäin mat Schleppberechtegung vun engem Club oder enger Schoul déi un eng national Federatioun ugebonnen sinn.
• Den Schierm muss een gültegen Check hunn an schlepptauglech sinn, wat den Pilot duerch seng Ënnerschreift garantéiert.
• Den Pilot muss eng gülteg Assurance hunn.
• Den Pilot muss eng Rettung an en Casque hunn, souwéi en Gurtzeug mat Protektor.
• Den Pilot muss eng Schleppklinke hunn mat enger gülteger Musterprüfung. Den Pilot ass responsabel datt d‘Schleppklinke fachgerecht montéiert ass.
• Den Pilot muss vun engem Member an d’Fluchgebidd agewise ginn.
• Et dierf keen Dréck iergendwellecher Art hannerlooss ginn.
• Den Oflaf vum Schleppbetrieb gëtt no den Angaben vum DHV gemaach.

Formatioun:

Mir schaffen zesummen mad der Flugschule Saarland (www.flugschule-saarland.de) dei regelmeisseg Formatiounen zu engem genstegen Preis unbidd.